Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dilpomat Antoine Lefort. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Antoine Lefort. |
Antoine Lefort | |
---|---|
Gebuer |
13. Mee 1879 Dikrech |
Gestuerwen |
19. Mäerz 1928 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | RWTH Aachen |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Ingenieur |
Partei | Rietspartei |
Famill | |
Papp | Émile Lefort |
Den Antoine "Tony" Charles Lefort, gebuer den 13. Mee 1879 zu Dikrech[1] a gestuerwen[2] den 19. Mäerz 1928 an der Stad Lëtzebuerg[3], war e lëtzebuergesche Politiker, Ingenieur an Diplomat.
Den Antoine Lefort hat en Ingenieursstudium op der Technescher Héichschoul vun Ooche gemaach, an huet 1902 bei der Eisebunnsgesellschaft Prince-Henri ugefaange mat schaffen, wou hie spéider Sous-Direkter gouf.
De Lefort war als Member vun der Rietspartei an d'Chamber gewielt ginn a war vum 24. Februar 1916 bis den 28. September 1918 Minister vun den ëffentlechen Aarbechten.
Den 28. September 1918 gouf hie Member vum Staatsrot a Premier comissaire pour les affaires du chemin de fer. Hien ass bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot bliwwen[4].
Gläichzäiteg war hie bis 1919 als Diplomat Chargé d'affaires an der Schwäiz. 1920 gouf hie Chargé d'affaires an Holland.
Vun 1918 bis 1919 war hien och an der Commission d'orientation.
Säi Jong Emile war Resistenzler am Zweete Weltkrich[5].
Säi Papp Emile war de Jurist a Member vum Staatsrot.
Virdrun | Ministeren zu Lëtzebuerg | Duerno |
Guillaume Soisson | Minister fir ëffentlech Aarbechten 1916 - 1918 |
Auguste Liesch |