Dany Carrel | |
---|---|
Gebuertsnumm | Yvonne Suzanne Chazelles du Chaxel |
Gebuer |
20. September 1932 Da Nang |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller |
D'Dany Carrel, gebuer als Yvonne Chazelles du Chaxel den 20. September 1932 zu Tourane deemools Franséisch Indochina haut Vietnam, ass eng franséisch Schauspillerin.
D'Dany Carrel huet an zwéi bedeitende Filmer ënner der Regie vum René Clair matgespillt an zwar am Joer 1955 a Les grandes manœuvres mat der Michèle Morgan a Gérard Philipe an 1957 a Porte des Lilas mam Pierre Brasseur an Henri Vidal. Aner bekannt Filmer mat hir sinn Les dragueurs (1959) vum Jean-Pierre Mocky mam Jacques Charrier an Dany Robin a Le Pacha (1968) vum Georges Lautner mam Jean Gabin.