Georges Hausemer | |
---|---|
De Georges Hausemer 2008 | |
Gebuer |
1. Februar 1957 Déifferdeng |
Gestuerwen | 13. August 2018 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Iwwersetzer, Schrëftsteller, Journalist, Zeechner, Editeur |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
De Georges Hausemer, gebuer den 1. Februar 1957 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 13. August 2018[1], war e fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer, Zeechner an Editeur.
Zu Déifferdeng gebuer, ass de Georges Hausemer zu Stengefort, Péiteng, Waasserbëlleg, Mäertert an Hoen opgewuess. Hien huet zu Salzburg a Mainz Publizistik a Romanistik studéiert. Zanter 1984 huet hien als fräie Schrëftsteller, Iwwersetzer, Verlagsmataarbechter an Zeechner zu Esch/Uelzecht gelieft.
Hien hat länger Openthalter an den USA (International Writing Program, Iowa, 1988), a Spuenien an zu Berlin an huet zanter 1995 Reesen an Asien (Thailand, Indien, Nepal, China), Afrika (Senegal, Mali, Burkina Faso, Niger), USA, Mëttel- a Südamerika gemaach.
Hie war 1986 Grënnungsmember a bis 1991 Sekretär vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV).
2000 huet en als Lëtzebuerger Vertrieder um Literaturexpress Europa 2000 deelgeholl.
Seng Biller huet hien zanter 1992 e puermol am Salon du CAL an am Konschthaus Beim Engel ausgestallt.
De Georges Hausemer huet am Summer 2012 zesumme mam Susanne Jaspers de lëtzebuergesche Verlag Capybara Books gegrënnt.
De Georges Hausemer gouf fir säi Wierk als Auteur an Iwwersetzer mat verschiddenen nationalen an auslännesche Präisser, Bourssen a Stipendien ausgezeechent, z. B. e puermol beim Nationale Literaturconcours (fir Romaner, Kuerzgeschichten, Reesgeschichten, Gedichter).
2017 krut hien de Batty-Weber-Präis.
De Georges Hausemer huet zanter 1982 Romaner, Erzielungen, Kuerzgeschichten, Gedichter an Iwwersetzungen (aus dem Franséischen, Engleschen a Spueneschen) publizéiert. Donieft huet hien Texter an Zeitungen, Zäitschrëften an Anthologien; zanter 1995 och Reesreportagen an nationalen an internationalen Zeitungen (Frankfurter Allgemeine Zeitung, Frankfurter Rundschau, Süddeutsche Zeitung, Neue Zürcher Zeitung, Der Standard, Telecran, etc.) geschriwwen. Hien ass den Auteur vum Luxemburger Lexikon (2006).
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Aus dem Franséischen (zesumme mat der Gabrielle Seil):
Aus dem Englischen:
Aus dem Lëtzebuergeschen (zesumme mam Roger Manderscheid):
Iwwer Waasser ass den éischte Lëtzebuerger Roman, an deem ech bis elo "Lëtzebuerg" wierklech erëmkannt hun. An amplaz elo selwer a spéitréimesch Zeremonien ze verfalen, gënne mer eis léiwer eng ganz kleng Passage aus engem grousse Buch:
"Mam Geräisch vum Wand am Ouer, dee wäit vum Mier erof, vun Ostende iwwer d'Ardenne bléist, schléift de Lex an. A mat de Reendrëpsen, déi widdert d'Fënster schloen. Wéi Spéngelen. Spéngelskäpp. Widdert d'Glas. Honnertdausend Pickerten."
Wann's d'eppes kanns!
Immer vertieft er seine Beobachtungen und Erfahrungen durch Rückgriffe auf historische, politische und kulturelle Hintergründe. Schließlich entspricht seiner neugierigen, sinnlichen, weltoffenen Mentalität eine klar informierende, kraftvolle, eigenwillige, leidenschaftlich die Umwelt erhellende Sprache; sie bleibt stets auf der Höhe ihres Gegenstandes. Als versierter Autor hat er den Reportagestil im Griff.
Commons: Georges Hausemer – Biller, Videoen oder Audiodateien |