Ginette Rossini | |
---|---|
Gebuer |
26. Oktober 1939 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fechter |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1964, Olympesch Summerspiller 1960 |
![]() |
D'Ginette Mackel-Rossini, gebuer als Ginette Rossini de 26. Oktober 1939 zu Esch-Uelzecht, ass eng fréier lëtzebuergesch Fechterin an Olympionickin.[1]
D'Ginette Rossini huet mat 13 Joer ugefaangen an der Spora ze fechten; de Fechtsall vun der Spora war sengerzäit an der Neipuertsgaass an der Stad, vis-à-vis vun hirem Papp senger Wiertschaft. Si blouf bis 1966 bei der Spora lizenzéiert.
Um Enn vun den 1950er a bis an d'Mëtt vun de 1960er Joren huet si nieft der Colette Flesch zu den erfollegräichste Fechterinne vum Land gezielt.
Si war an hirer Karriär Gewënnerin op internationalen Turnéieren zu Munneref (dräimol), Como, Madrid, Wien, Bréissel, Gent, Nanzeg. Bei de Wale vum Lëtzebuergesche Sportler vum Joer koum si 1963 hanner dem Norbert Haupert op déi zweet Plaz.
No den olympesche Spiller zu Tokio huet si mat hirer sportlecher Karriär opgehalen.
D'Ginette Rossini huet beim Europaparlament geschafft. Si ass de 17. Dezember 1964 an der Stad mam Lucien Mackel bestuet ginn[3]; d'Koppel krut zwee Kanner.