Jeff Henckels | |
---|---|
Gebuer |
30. August 1984 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Lycée technique du Centre |
Aktivitéit | Bouschéisser |
Gréisst | 184 cm |
Gewiicht | 65 kg |
De Jeff Henckels, gebuer den 30. August 1984 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Bouschéisser.[1]
De Jeff Henckels huet Mëtt 2006 am Lycée Technique du Centre an der Stad seng Ausbildung als Kommunikatiounselektroniker ofgeschloss.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Bei den Universitéitsmeeschterschaften am Bouschéissen 2002 zu Chonburi an Thailand huet hien am Recurve d'Goldmedail gewonnen.
Bei den Olympesche Spiller 2004 zu Athen huet hie Lëtzebuerg vertrueden. Ënner schwierege Wandverhältnesser am Panathinaiko-Stadion ass hien an der 1/32er Finall eliminéiert ginn, nodeem hien 132-136 géint den Szu Yuan Chen (TPE) verluer hat.
Och bei den Olympesche Summerspiller 2021 zu Tokyo war hie mat derbei.