John Steiner | |
---|---|
am Film "Ondata di piacere" (1975) | |
Gebuer |
7. Januar 1941 Chester |
Gestuerwen | 31. Juli 2022 |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Den John Steiner, gebuer de 7. Januar 1941 zu Chester am Cheshire, a gestuerwen den 31. Juli 2022 zu La Quinta a Kalifornien, war en englesche Schauspiller.
Hien huet a méi wéi 70 Kinos- an Televisiounsfilmer matgespillt.
An de spéide 60er Joren huet hie mat der Schauspillerei ugefaangen, hien hat dacks d'Roll vum 'Béisen' an e sëllegen Italo-Western. No sengem leschte Film 1991, huet hie sech a Kalifornien néiergelooss, an huet do als Immobilienagent geschafft.
Den 31. Juli 2022 koum hie bei engem Verkéiersaccident ëm d'Liewen.[1]