![]() |
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Julien Lefèvre | |
---|---|
Gebuer |
1. Juli 1907 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
4. Januar 1984 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Bobfuerer, Medailleur, Sculpteur |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1936 |
Famill | |
Bestuet mat | Nina Lefèvre |
Papp | Alfred Lefèvre |
![]() |
De Julien Lefèvre, gebuer den 1. Juli 1907 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 4. Januar 1984 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Medailleur.
Säi Papp war den Entreprener Alfred Lefèvre, deen ënner anerem den Hotel Alfa an der Stad Lëtzebuerg am Garer Quartier opgeriicht huet.
De Julien Lefèvre huet vill vu senge Wierker zesumme mat senger Fra Nina-Victorine Kestler (1904-1981) erschaaft. Dës Wierker koumen ënner dem gemeinsamen Numm "Julien et Nina Lefèvre" eraus, wéi z. B. d'Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz.
Hie war 1935 Grënnungsmember an éischte President vum Groupement des Escrimeurs, aus deem 1937 d'Fédération luxembourgeoise d'escrime ginn ass.
1936 war hie bei den Olympesche Wanterspiller zu Garmisch-Partenkirchen, wou hien Ersatzmann am Bobfuere war.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin als Sculpteur vertrueden.[1]
Um Lampertsbierg ass eng Strooss (Rue Nina et Julien Lefèvre, L-1952) no him a senger Fra genannt ginn.