Jürgen Marcus | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Jürgen Beumer |
Gebuer |
6. Juni 1948 Herne |
Gestuerwen |
17. Mee 2018 München |
Doudesursaach | chronesch obstruktiv Longenerkrankung |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Sänger |
![]() |
De Jürgen Marcus (mat richtegen Numm Jürgen Beumer), gebuer de 6. Juni 1948 zu Herne, a gestuerwen Mëtt Mee 2018 zu München, war en däitsche Schlagersänger.
De Jürgen Marcus huet no der Primärschoul eng Ausbildung als Schlässer gemaach. Duerno ass en als Sänger a verschiddenen Amateur-Museksgruppen a senger Heemechtsstad opgetrueden. Wéinst dem Glach vu sengem Numm mat deem vum Äiskonschtleefer Hans-Jürgen Bäumler huet e sech „Jürgen Marcus“ genannt.
1967 ass e Vainqueur vum European-Festival zu Bréissel ginn. 1968 a 1969 hat e beim Beat-Festival zu Recklinghausen Erfolleg. Dowéinst krut en 1969 d'Roll vum "Claude" an enger däitscher Opféierung vum Musical Hair.
De Museksproduzent Jack White huet de Sänger ënner Kontrakt geholl a mat him 1970 seng éischt Single Nur Du (El cóndor pasa) produzéiert. Doropshin huet en nach eng ganz Rei weider Lidder opgeholl a Präisser dofir kritt. 1972 huet en och am Film vum Jack White Heut hau'n wir auf die Pauke (Regie Ralf Gregan) matgespillt.
Mam Lidd Ein Lied zieht hinaus in die Welt huet en 1975 bei der däitscher Virentscheedung fir den Eurovision Song Contest matgemaach, ass awer nëmmen op d'Plaz 9 komm.
1975 huet den ZDF eng Personality-Show iwwer hie gewisen: "Jürgen Marcus: Einer für Viele".
Hien huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1976 zu Den Haag mam Lidd "Chansons pour ceux qui s'aiment" vertrueden. Hie koum op déi 14. Plaz mat 17 Punkten.[1]
Ënner wiesselende Produzenten huet de Jürgen Marcus bis an déi fréi 1980er Jore Lidder publizéiert, awer ouni grousse kommerziellen Erfolleg.
Trotz verschiddene Versich, dorënner och eng als "J. Marcus" (1988) an englescher Sprooch ass e Comeback net gelongen.
1998 huet e mat sengem Lidd Mach's gut bis zum nächsten Leben d'Plaz 6 beim bis elo eenzege "Grand Prix des Schlagers" erreecht. Hien huet och duerno nach eng ganz Rei vu Singelen an Albumen erausbruecht.
De Jürgen Marcus ass zanter 1995 mat sengem Partner a Manager Nikolaus Fischer zesummen a wunnt zu München.