Marie-Jeanne Bernard

Marie-Jeanne Bernard
Gebuer 20. Mäerz 1909
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Juli 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer
Veräin/Ekipp Swimming Luxembourg
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1928


D'Marie-Jeanne Bernard, gebuer den 20. Mäerz 1909 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 21. Juli 1979, war eng lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionickin.[1]

D'Marie-Jeanne Bernard ass fir de Swimming Club Luxembourg (SCL) geschwommen an huet 1927 mat hirer Veräinskolleegin Virginie Rausch zu Bologna op der zweeter Europameeschterschaft am Schwamme matgemaach a sech fir d'Finall am 100-Meter-Réck qualifizéiert huet. Se koum op déi 6. Plaz an enger Zäit vun 1'35"0 an hat domat en neie Landesrekord opgestallt.

Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam vertrueden[3]. Ënner 12 Konkurrentinnen aus 7 Natioune koum si op déi 5. Plaz an der Serie a war domat disqualifizéiert.

Bis an d'Mëtt vun den 1930er Jore blouf d'Marie-Jeanne Bernard déi bescht lëtzebuergesch Réckeschwëmmerin (op der 100-m-Streck; d'200-Meter goufe sengerzäit bei de Frae kaum geschwommen). De 4. Februar 1934 huet si den nationale Rekord op 100-Meter eng lescht Kéier verbessert (1'32''6). Duerno huet et 23 Joer laang gedauert, ier dee Rekord vun der Simone Theis mat 1'31''0 konnt gebrach ginn.


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Marie-Jeanne Bernard op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. ISBN 978-2-9599734-5-1
  3. D'Marie-Jeanne Bernard op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert de(n) 09.03.2016. Gekuckt de(n) 08.05.2011.