Pol Albrecht | |
---|---|
![]() De Pol Albrecht, (c) Nationalbibliothéik | |
Gebuer |
23. Mee 1874 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
8. Mee 1975 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Dirigent, Komponist |
![]() |
De Pol (Paul) Albrecht, gebuer den 23. Mee 1874 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 8. Mee 1975[1], war e lëtzebuergesche Museker a Komponist. Vun 1937 bis 1939 war hien zu Lëtzebuerg Dirigent vun der Militärmusek. Nëmme 15 Deeg hunn him gefeelt, soss wier hien 101 Joer al ginn.
De Musekskritiker Léon Blasen bezeechent hien als de grousse Lëtzebuerger Marschkinnek. A senge jonke Jore war de Pol Albrecht och Dirigent vun enger ganzer Rei Lëtzebuerger Museks- a Gesangsgesellschaften. Hie war laang Member vun de Jurye bei Museksconcoursen.
Säi Papp, de Wilhlem Albrecht, war och scho Militärmuseker. Dofir ass de musikalesch begaabte Pol Albrecht an der Kasär vum Hellege Geescht op d'Welt komm, als lescht vun 10 Kanner. Seng Mamm, d'Schwëster vum Lëtzebuerger Heemechtsdichter C.M. Spoo huet him zousätzlech d'Léift zur Lëtzebuerger Sprooch vermëttelt. Am Kolléisch huet de Pol Albrecht et nëmmen zwee Joer ausgehalen, well et war säi Wonsch, Museker ze ginn. 1889, am Alter vu 15 Joer, koum en an d'Militärmusek. Hien huet Klarinett a Gei gespillt. Déi fréier Dirigente vun der Militärmusek, de Gustave Kahnt, den Edmond Patzké an de Fernand Mertens hunn him hei vill bäibruecht. Orchestratioun an Harmonie huet e beim Gust Kahnt a beim Dominique Heckmes, dem Dirigent vum Cäcilieveräi vun der Kathedral, geléiert. Mä hien ass awer och nach, wéi de Léon Blasen eis erzielt, an de Conservatoire gaange fir sech a Klarinett a Gei ze perfektionéieren.
De Pol Albrecht ass den Auteur vu ville Kompositiounen. Hien huet e ganz variéiert Wierk hannerlooss:
Fir un hien z'erënneren, gouf um Zens eng Strooss Rue Paul Albrecht gedeeft. Si verbënnt d'Allée du Carmel mat der Rue Paul Wilwertz.