R. Paul Butler | |
---|---|
Gebuer |
1960 San Diego |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | San Francisco State University |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun |
De Robert Paul Butler, gebuer 1960 zu San Diego, Kalifornien, ass en US-amerikaneschen Astronom, dee sech mat der Sich vun Exoplanéite befaasst. Hien ass Matentdecker vu villen Exoplanéiten.
De Paul Butler gouf als Jong vum Donal A. Butler an der Karen I. Butler gebuer. De Butler krut de Bachelor of Arts an der Physik (1985) an a Chimie (1986) an 1989 de Master of Science a Physik vun der San Francisco State University, mat enger Masteraarbecht beim Geoffrey Marcy. Säi Promotiounsstudium huet hien 1993 an der University of Maryland, College Park ofgeschloss. Haaptzil vu sengem Studium war den Entworf vun engem héichempfindleche Spektrograph fir d'Entdeckung vun Exoplanéiten iwwer den Nowäis vu Radialvitessännerunge vun de Mammestären.
1993 bis 1997 war hie Wëssenschaftler op der San Francisco State University a Visiting Fellow op der University of California, Berkeley. Vun 1997 bis 1999 war hien Astronom am Siding-Spring-Observatoire. Zanter 1999 ass hie wëssenschaftleche Mataarbechter am Carnegie Institut.