De Sir Howard Grubb, Parsons and Co. Ltd., och bekannt ënner dem Numm Grubb Parsons war e Fabrikant vun Teleskope zu Newcastle upon Tyne.
D'Firma gouf 1833 zu Dublin vum Thomas Grubb ënner dem Numm Grubb Telescope Company gegrënnt.[1] Säi Jong Howard Grubb hat sech 1864 ugeschloss. D'Entreprise war 1925 a finanziell Schwieregkeete geroden, a gouf vum Sir Charles Parsons opkaf an ëmgenannt.[2]
woubäi et sech bei den zwéi leschtgenannten ëm Schmidtkameraen handelt. Och am 19. Joerhonnert hat d'Entreprise bedeitend Teleskope gebaut. Den
48 inch Teleskop vum Melbourne Observatoire, 1869, war dat zweetgréisst Teleskop zu senger Zäit, nom Leviathan, dat vum Papp vum Charles Parsons konstruéiert war an him a Bezuch op de Metallspigel geglach huet. Doriwwer eraus goufen och eng Rei vu Refraktere gebaut, sou war de 27 inch vum Universitéitsobservatoire Wien, 1878 dat gréisst Lënsenteleskop vu senger Zäit, nëmmen iwwertraff vun den zwéi virdru genannten Teleskopen.