Sunrise (Teleskop)

Sunrise ass e ballongedroene Spigelteleskop fir d'Sonnenobservatioun. Et huet e liichte Spigelsystem aus Zerodur mat enger Apertur vun engem Meter. Mat engem Heliumballon ass dat 1,8 Tonne schwéiert Teleskop op 36 Kilometer Héicht bruecht ginn, woumat Observatioune am UV-Beräich ongehënnert duerch d'Atmosphär méiglech sinn.

SUNRISE bitt eng Rei vu Virdeeler:

  • De Seeing ass duerch d'Observatiounshéicht iwwer den turbulente Loftschichten praktesch net do
  • Wärend der ganzer Missioun kënne Sonnenobservatioune gemaach ginn, well zu där Joreszäit an deene Breeten d'Sonn net ënnergeet (kuckt och Mëtternuetssonn)
  • De Polarwand liwwert eng fräi Undriffsenergie

Technesch Detailer

[änneren | Quelltext änneren]

Den Teleskop schafft mat enger Wénkelopléisung vun 0,05 Bousekonne. D'Uewerfläch vun der Sonn an d'Verdeelung vun hire Magnéitfelder gëtt mat enger raimlecher Opléisung vu 35 Kilometer pro Pixel an enger zäitlecher Opléisung vu 5 s gemooss. Dofir gi gläichzäiteg dräi Instrumenter (UV-Bildsensor, Magnéitogramm a Polarisatiounsspektrometer) gebraucht. Et handelt sech ëm dat gréisst Sonnenteleskop, dat jee d'Äerd verlooss huet.[1]

D'Ausriichtung fir déi gewënscht Richtung geschitt wéi beim Hubble-Weltraumteleskop duerch e puer Reaktiounsrieder. Am Uschloss dorun iwwerhëlt en Inertierad d'Lagestabiliséierung.

Eng éischt Testfaart vu Sunrise I am Hierscht 2007 war schonn erfollegräich. De Start fir déi éischt Faart war den 8. Juni 2009 um 8:27 Auer vun der Weltraumbasis Esrange zu Kiruna, Schweden. An de follgende fënnef Deeg gouf d'System vum Polarwand iwwer den Nordatlantik a Grönland bis no Nordkanada gedriwwen.[1] D'Landung war de 14. Juni 2009 um 1:45 Auer op der Insel Somerset an der Kanadescher Provënz Nunavut.

De Start vu Sunrise II war den 12. Juni 2013 um 7:30 Auer op der Weltraumbasis Esrange zu Kiruna, Schweden.

Sunrise III ass eng éischte Kéier den 10. Juli 2022 gestart. Dës Missioun gouf awer kuerz nom Ofhéiwe vum Ballon ënnerbrach well den Teleskop sech wéinst technesche Problemer net ausriichte gelooss huet[2].

Sunrise III ass den 10. Juli 2024 ëm 6:24 Auer eng zweet Kéier vum Esrange Space Center bei Kiruna a Schweden gestart[3]. Op enger Héicht vun ca. 35 km ass en iwwer den Atlantik, Island an de Süde vu Grönland weider iwwer déi kanadesch Nordwest-Territoire gedriwwe ginn, wou en de 16. Juli, no engem Flug vu 6 Deeg, 14 Stonnen a 46 Minutten kontrolléiert un engem Fallschierm tëschent dem Mackenzie River an dem Great Bear Lake gelant ass[4]. U Bord hunn déi 3 Instrumenter SUSI (Sunrise UV Spectro-Polarimeter & Imager [UV-Beräich 310-420 Nanometer] vum MPS), TuMag (Tunable Magnetograph [siichtbare Beräich 517 & 525 nm] vun engem spuenesche Consortium) a SCIP (Sunrise Chromospheric Imager & Polarimeter [IR-Beräich 770 & 860 nm] vum NAOJ) ca. 50 Millioune Biller opgeholl, wat ongeféier 240 TeraByte un Daten entsprécht, déi op SSD gespäichert goufen. Bedeelegt war, wéi och bei deene Sunrise-Missioune virdrun, de Lëtzebuerger Astrophysiker Dr. Alex Feller[5], Wëssenschaftler um MPS zu Göttingen.

Bedeelegt Institutiounen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Missioun gëtt vum Max-Planck-Institut fir Sonnesystemfuerschung, kuerz MPS, zu Göttingen geleet.

Weider bedeelegt Instituter:[6]

De SUNRISE-Projet gëtt vum däitsche Bundesministerium für Wirtschaft und Technologie a vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart, gefërdert.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 SUNRISE schwebt der Sonne entgegen. Aus: MAX-PLANCK-GESELLSCHAFT Presseinformation, 8. Juni 2009. ISSN 0170-4656.
  2. Flug-des-Sonnenobservatoriums-kurz-nach-Start-abgebrochen
  3. Erfolgreicher Start für Sunrise III
  4. Sunrise III: Datenspeicher geborgen
  5. Max-Planck-Institut für Sonnensystemforschung: Feller, Alex
  6. [1]