Gilbert Trausch | |
---|---|
Gebuer |
20. September 1931 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
3. Juni 2018 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Faculté des lettres de Paris, Universitéit vu Paräis, Exeter College |
Aktivitéit | Historiker, Universitéitsprofesser |
Fonctioun | Direkter |
Famill | |
Geschwëster | Gérard Trausch |
![]() |
De Gilbert Trausch, gebuer den 20. September 1931 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 3. Juni[1],[2] 2018, war e lëtzebuergeschen Historiker. Seng Theemeschwéierpunkter waren d'Enn vum Ancien Régime an d'Franséisch Revolutioun; d'Geschicht vum ländleche Raum; d'Zäitgeschicht vu Lëtzebuerg an déi europäesch Integratioun.
De Gilbert Trausch kënnt aus engem kathoulesch-biergerleche Milieu. Säi Papp war Ingenieur op der Hadir. Hie goung an de Jongelycée um Lampertsbierg wou hien ënner anerem vum Tony Bourg markéiert gouf an 1950 seng Première gemaach huet. Duerno huet hie Geschicht op der Sorbonne an zu Exeter studéiert.
1956 huet hien als Enseignant fir Geschicht a Franséisch am Stater Jongelycée ugefaangen ze schaffen. Seng Titularisatioun als Professer krut en 1959. 1963 gouf hie Membre correspondant an 1964 Membre effectif vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
Vun 1968 bis 1995 war hie Professer op de Cours supérieurs, respektiv um Centre universitaire de Luxembourg (CunLux). Vun 1984 bis 1990 war hien och Direkter vum Centre universitaire de Luxembourg. Virdrun, vun 1972 bis 1984, war en Direkter vun der Nationalbibliothéik.
Hie war paralell dozou Professer op der Universitéit vu Léck. 1982 gouf hien de Lëtzebuerger Vertrieder am Groupe de liaison des professeurs d'histoire contemporaine auprès de la Commission des Communautés Européennes. Och um Collège d'Europe zu Bruges huet hie Course ginn. Seng Spezialitéit war d'modern an zäitgenëssesch Geschicht vu Lëtzebuerg, an d'Funktionéiere vum Lëtzebuerger Staat, senger Politik a senger Gesellschaft.
De Gilbert Trausch huet 1989 eng wichteg Roll bei den Zelebratiounen zum 150. Anniversaire vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet gespillt. Hien huet d'Kommissioun, déi d'Commemoratiounen organiséiert huet, dirigéiert, an huet ville jonken Historiker d'Méiglechkeet ginn, hire Bäitrag ze liwweren. An der Séance académique vum 18. Abrëll 1989, bei där héich Vertrieder vun den deemolege Muechten, déi 1839 de Londoner Vertrag ënnerschriwwen hunn, present waren, huet de Gilbert Trausch als eenzegen, nieft dem Premierminister Jacques Santer an dem UN-Generalsekretär Javier Perez de Cuellar, d'Wuert ergraff.
1990 gouf hien Direkter vum Centre de Recherches européennes Robert Schuman a Conseiller de gouvernement.
2005 huet de Gilbert Trausch en Appel lancéiert, fir beim Referendum iwwer d'Europäesch Constitutioun mat 'Jo' ze stëmmen.
Hien huet eng Hellewull Artikele geschriwwen, déi a Geschichtszäitschrëften an och an der Wochen- oder Dagespress erauskoumen, ass Auteur, respektiv Editeur, Direkter oder Co-Auteur, vun enger ganzer Rëtsch vu Bicher an huet vill Préfacë vu geschichtleche Studie verfaasst.