Josiah Edward Spurr | |
---|---|
Gebuer | 1. Oktober 1870 |
Gestuerwen |
12. Januar 1950 Orlando |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Explorateur, Geolog |
Den Josiah Edward Spurr, gebuer den 1. Oktober 1870 zu Gloucester (Massachusetts), a gestuerwen den 12. Januar 1950 zu Orlando (Florida), war en US-amerikanesche Geolog.
Vun 1896 un, huet hien am Optrag vun der United States Geological Survey Deeler vun Alaska kartéiert an déi lokal Mineralien ënnersicht.[1] De Vulkan Mount Spurr, de Moundkrater Spurr an e Mineral sinn no him genannt.
Vum Spurr gëtt et méi wéi 100 Publikatiounen a verschiddene Sproochen.[2]