Justin Gloden | |
---|---|
Gebuer |
22. Mäerz 1953 Elveng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Liichtathleet |
Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
Gréisst | 174 cm |
Gewiicht | 63 kg |
Veräin/Ekipp |
C.A. Spora Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1988 |
![]() |
De Justin Gloden, gebuer den 22. Mäerz 1953 zu Elveng, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Liichtathleet.
Als Sportler a Leefer (Member vum Club Spora Lëtzebuerg an duerno Celtic Dikrech) op laange Strecken hat hien zu Lëtzebuerg an am Ausland vill Erfolleg.
Hien huet seng sportlech Karriär als Foussballspiller beim FC Brouch ugefaangen an no 3 Joer huet hie bei d'Spora gewiesselt. Den 12. November 1975 huet hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an engem Frëndschaftsmatch géint Däitschland matgespillt.[1]
Hien huet un den Olympesche Summerspiller zu Seoul um Marathonlaf deelgeholl wou hie mat 2.22'14" op déi 36. Plaz ënner 118 Konkurrente komm ass.
De Justin Gloden schafft op enger Bank, ass bestuet an huet 2 Kanner.
Virdrun | ![]() ![]() |
Duerno |
---|---|---|
Lucien Didier | 1980 | Fonsy Grethen |