Sophie Desmarets | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jacqueline Yvonne Eva Desmarets |
Gebuer |
7. Abrëll 1922 16. Arrondissement |
Gestuerwen |
13. Februar 2012 17. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Conservatoire national supérieur d'art dramatique, Cours Simon |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller |
D'Jacqueline Sophie Desmarets, gebuer de 7. Abrëll 1922 zu Paräis an och do den 13. Februar 2012 gestuerwen, war eng franséisch Schauspillerin.
Si war d'Duechter vum Bob Desmarets, dem Direkter vum Vél d'Hiv, a gouf vum Louis Jouvet encouragéiert, Schauspillerin ze ginn. Si huet um Conservatoire national supérieur d'art dramatique studéiert a koum duerno a Boulevard-Theatersstécker grouss eraus.
1950 huet se hiren éischte Film gedréint. Déi meescht Filmrollen hat si an den 1950er an 1960er Joren a Serie B-Filmer. An den 1970er huet si bei verschiddene populäre Radiosemissioune matgewierkt.