Staatsrot | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Verwaltungssëtz | Staatsrot (Gebai) |
Um Spaweck | http://www.conseil-etat.public.lu/ |
De Staatsrot ass e consultatiivt Organ am Lëtzebuerger politesche System. Seng Kreatioun geet zeréck op d'Constitutioun vum 27. November 1856.
E setzt sech zesummen aus 21 Memberen (vun deenen der op d'mannst 11 musse Juriste sinn), déi formell vum Groussherzog ernannt an entlooss ginn, an dat op d'Propos hi vun (een nom aneren) der Regierung, der Chamber an dem Staatsrot selwer. Dobäi kënnt nach den Ierfgroussherzog, soubal dësem den Titel zougestane gouf a soulaang bis en als Lieutenant-Représentant vereedegt gouf. Den Ierfgroussherzog gëtt direkt vum Grand-Duc ernannt.
De Staatsrot erfëllt ze soen d'Roll vun enger zweeter Chamber, ouni awer sou eng ze sinn. Hien huet just d'Funktioun fir säin Avis ze ginn: Hie muss iwwer all Gesetzesvirschlag oder - projet consultéiert ginn, ier d'Chamber doriwwer kann ofstëmmen. Dobäi muss en iwwerpréiwen, ob d'Virschléi an d'Propositiounen a Konformitéit mat der Constitutioun sinn, international Konventiounen, dorënner och d'EU-Recht respektéieren an och soss näischt Onrechtméisseges dra steet.
Och groussherzoglech Reglementer (also Beschlëss vun der Regierung) kënnen dem Staatsrot virgeluecht ginn. Schliisslech decidéiert de Staatsrot, ob d'Chamber eng zweet Kéier muss ofstëmmen (de sougenannte Vote constitutionnel). Dëst ass eng Zort suspensive Veto, d. h. am Endeffekt kann d'Chamber sech driwwer ewechsetzen.
Bis 1994 war de Staatsrot och nach eppes wéi en iewescht Geriicht, mä en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an der Affär Procola huet festgestallt, datt dëst net mat den demokratesche Prinzippie vun der Gewaltentrennung kompatibel wier.
Am Abrëll 2005 huet d'Regierung e Gesetzesentworf virgeluecht, dee virgesäit, d'Zuel vun de Membere vun 21 op 27 ze héijen[1]. Zu enger Ofstëmmung iwwer dëse Gesetzesentworf koum et allerdéngs net. De Projet de loi ass am Ganzen dräimol zeréck an d'Institutiounekommissioun gaangen, bis en dunn am Mäerz 2016 offiziell zeréckgezu gouf.[2]
Den 1. Juni 2017 gouf an der Chamber dann en neit Gesetz gestëmmt, dat virgesäit, datt an Zukunft op d'mannst een Drëttel vun de Membere vum Staatsrot musse Frae sinn. Dës Weidere gouf d'Amtszäit vun de Memberen op 12 Joer begrenzt.[3],[4] Nodeems am Mee 2018 d'Sam Tanson (Déi Gréng) vun hirer Plaz am Staatsrot zeréckgetrueden ass, fir op d'Plaz vum Claude Adam an der Chamber nozeréckelen, koum et am Staatsrot zum Eclat. Déi Gréng haten d'Affekotin Joëlle Christen fir de vakante Sëtz proposéiert. Amplaz vun der Joëlle Christen gouf allerdéngs déi onofhängeg Affekotin Martine Lamesch fir déi Plaz nominéiert.[5][6]
De Staatsrot huet säi Sëtz an engem Gebai um Fëschmaart.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Staatsrot (Gebai).
Membere vum Staatsrot sinn:[7]
Positioun | Numm | Proposéiert vun[8] | Beruff | Nominatioun als Member[9] | |
---|---|---|---|---|---|
1 | President | Marc Thewes | CSV | Affekot | 4. Februar 2015 |
2 | Vizepresident | Alain Kinsch | DP | Wirtschaftspréifer | 4. Februar 2015 |
3 | Vizepresident | Alex Bodry | LSAP | Affekot | 21. Januar 2020 |
Conseiller
(Ierfgroussherzog)[10] |
|||||
4 | Conseillère | Lydie Lorang | CSV | Affekotin | 1. Februar 2010 |
5 | Conseiller | Lucien Lux | LSAP | Politiker | 24. Dezember 2013 |
6 | Conseiller | Jeannot Nies | CSV | fréiere Magistrat | 11. Mee 2015 |
7 | Conseiller | Dan Theisen | DP | Conseiller de Gouvernement | 10. Juni 2015 |
8 | Conseillère | Héloïse Bock | DP | Affekotin | 25. Juli 2015 |
9 | Conseiller | Marc Colas | CSV | Ekonomist | 27. November 2015 |
10 | Conseillère | Isabelle Schlesser | Juristin | 1. Juli 2016 | |
11 | Conseillère | Véronique Stoffel | ADR | Affekotin | 5. Mäerz 2018 |
12 | Conseiller | Yves Wagener | Déi Gréng | Affekot | 1. Februar 2019 |
13 | Conseillère | Deidre Du Bois | Déi Gréng | Affekotin | 10. Dezember 2019 |
14 | Conseiller | Marc Meyers | DP | Museksproff | 7. Abrëll 2021 |
15 | Conseillère | Josiane Pauly | Juristin | 20. Oktober 2021 | |
16 | Conseillère | Monique Adams | Juristin | 28. Januar 2022 | |
17 | Conseiller | Paul Wirtgen | Dokter | 14. Mäerz 2022 | |
18 | Conseiller | Luc Feller | CSV | Conseiller de Gouvernement | 13. Mäerz 2024 |
19 | Conseiller | Alex Penning | Affekot | 21. Mäerz 2024 | |
20 | Conseiller | Thierry Schuman | Psycholog | 24. Juli 2024 | |
21 | Conseiller | Georges Kohn | Affekot | 12. November 2024 |
Fir eng komplett Lëscht vun all de Memberen zanter der Grënnung, 1857, kuckt: Lëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger Staatsrot.
Commons: Staatsrot (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |